pet adoption

Dest ass eng Rubrik wou just Déieren drakommen déi mussen vermettelt ginn. Leit hunn hier Déieren entweder wechginn, well se se net méi Meeschter ginn sinn, ze aal sinn, eng Krankheet erlidden hunn, an sech dofir net em se kemmeren kennen. Oder se hunn sech einfach aus puerer Dommheet een Déier zougeluecht, obwuel se keng Zait an keen Nerv fir soueen Déier hunn.

Ech probéieren heimat nach puer Leit ze ereechen, déi vlait net sou matkréien wéi d'Situatioun zu Letzebuerg ass. Mat bessen Chance verléift jo deen een oder aneren sech an een léiwen Mupp oder eng schéin Kaatz :)

Entweder bei mir mellen (Add new comment) oder beim Kontakt deen hannendrun steet.
Nach méi Muppen : http://www.muppenforum.lu/smf/index.php?board=29.0
-> Op Facebook verluecht!

Airedale Terrier

Den Besetzer ass gestuewen an heen ass an der Tötung geland.
Elo ass heen an senger Pflegefamille ukomm,heen verdreit sech matt Katzen,matt Mudderen an matt Welpen.
Ritten sicht heen sech no Sympatie eraus.
Heen ass propper an kann no Agewinnung brav eleng bleiwen.
En leiwen an nach aktiven Mupp,matt Kanner ass heen och ganz frou.

Heen ass geimpft,gechipt an kastreiert.

Kontakt: VERMETTELT

Basset Weibchen vun 8 Méint

En Weibchen vun 8 Meint,iwert seng Virgeschichte ass neicht bekannt.
Hatt verdreit sech gutt matt aaneren Muppen,Katzen net getest.
Leif matt grouss an kleng.
Hatt sicht drengend eng Pflegefamille oder en neit Doheem.
Geimpft an gechipt.
Kontakt: VERMETTELT :)

Espagneulmix vun 1 Joer

RESERVEIERT :)))))

Epagneulmix en Ritt vun 1 Joer (10kg) heen verdreit sech gutt matt aaneren Muppen,ganz leif och matt Kanner awer sie sollten mei grouss sinn well heen nach imense verspillt ass.
Heen kann brav Autofueren an ass propper.
Geimpft,gechipt an kastreiert.

Fir heen sichen mär dringend eng Adoptivfamille oder eng Pflegestelle.
An der aktueller Pflegestelle ginn et grouss Problemer matt engem aaneren Ritt,deen sech net matt him verdreit.

Kontakt:

Schwaarzen Labbimix

En Ritt vun 10 Joer,heen ass ganz léif mat grouss an kleng,an verdréit sech gudd mat aaneren Muppen an mat Kaatzen.
Heen ass geimpft,gechipt an kastreiert.
Durch sein Alter ass heen en Noutfall.
Mär sichen drengend eng roueg Pflegestelle oder Adoptivfamill fir heen.
Kontakt: VERMETTELT :)

Welpen Labradormix


En Ritt en Labradormischling vun 5 Meint,heen ass ausgesaat ginn.
Heen verdreit sech gutt matt aaneren Muppen,Katzen net getest mais et misst klappen.
Ganz leif matt grouss an kleng.
Heen sicht dringend eng Pflegefamille oder en neit Doheem.
Geimpft an gechipt.
Kontakt: VERMETTELT :)

Flicka ass fortgelaaf

VERMISST / PERDU

FLICKA

ENTLAUFEN AM/ S’EST SAUVÉ LE 19.03.2009
ZU / À : Graulinster

Schwarze Labbimix Hündin, trägt ein grünes Halsband und ein schwarzes Brustgeschirr. Sie ist sehr ängstlich, bitte versuchen Sie nicht sie einzufangen, sondern benachrichtigen Sie uns umgehend.

Chienne noire croisée Labrador, porte un collier vert et un harnais noir. Elle est très timide, veuillez nous informer de suite sans essayer de l’attraper.

Tél. (00352) 691 68 78 65 / (00352) 691 57 15 12 / (00352) 78 95 93

Rottweilermix sicht en neit Doheem

En Rottweilermix en Ritt vun 5 Joer.
Ganz leif matt Kanner,verdreit sech matt aaneren Muppen,Katzen net getest.
Heen ass nach ganz aktif an verspillt.
Geimpft an gechipt.
Mär sichen eng Pflegestelle oder en neit Doheem fir heen.
Kontakt:
VERMETTELT

Klengen Pudel vun 1 Joer

Klengen Pudel en Ritt vun 1 Joer sicht en neit Doheem.
Heen ass ganz leif verdreit sech matt Muppen an matt nach eweineg Übung och matt Katzen.
Heen ass propper,fiert brav Auto an kann och gäeren an eng Famille matt Kanner.
Am Moment get heen obgepäppelt an senger Pflegefamille well heen huet nemmen knapp 4 kg.
Heen huet en liechten Handicap matt der heneschter Patt en humpelt eweineg,daat wuar wahrscheinlech vun engem freieren Accident,heen ass gerencht ginn an et ass esou dass heen am Moment Tabletten geint Peng kritt.

Noutfall Labradormix Welpen

Et ass en Ritt vun 3 Meint en ganz leiwen Mupp,en Welpen deen nach vill muss leieren an kennenleieren.
Leider ass heen elo schon en Noutfall durch seng Pelzfuerw an well heen esou jonk ass,heen ass nach zeschwach an matt dem kaalen Wieder och mei Krankheetsufälleg heen packt et net laang dohannen.
Dringend eng Pflegefamille oder Adoptivfamille gesicht. RESERVEIERT!
Kontakt: