Den Jordan
Dat hei ass den Jordan! Heen ass en American Staffordshire an ass sait Kreschtdaag 2008 bei eis. Den Jordan war een Joer laang zu Gasperech am Asyl an ass vu méngem Brudder gerett ginn :) Et ass en ganz léiwen Mupp an follegt och ganz gudd. Leider ass et en Leschtenhond an därf wéinst dem Muppengesetz net laafen gelooss ginn. Trotzdem huet en Spass drun puer Stonnen mat ménger Mamm oder mam Werra an mir spazéieren ze goen. :)
En huet grouss Bängelen ganz gaer an roltzen mecht em och vill Spass. Dass et bei eis emmer eppes guddes z'iessen gett, huet en och scho rausfonnt ;) Den Jordan gett mat all Mupp eenz. Dobaussen un der Léngt gleeft een em dat net emmer, well en ganz staark zitt fir bei een aner Mupp ze goen. Och wann en nemmen spillen well, färten Leit en wär aggressiv. Mee mir liewen ganz gudd mat denen Virurdeeler, sou kennt och keen eis ze no :P
Hei dann lo en puer Fotoen vum Jordan:
Best friends
Méi Fotoen regelméisseg am *pets*